E Sonnden, 28. September 2025, huet d’FLASSA op Invitatioun vun der Coque fir d’drëtte Kéier bei hirem « Open Day » mat gemaach.
Hei gouf en Atelier « Apnée » ënnert der Leedung vum Jordan LEYVA an Ozgur CEYHAN präsentéiert an een Atelier „Baptêmes de plongée“ mat der Ënnerstëtzung vu 7 Moniteuren an 3 Leit, déi d’Kandidaten equipéiert hunn, alles Membere vum SACE, dem SACL an de Staudivers.
E grousse Merci un all dës Leit, di gehollef an eis erméiglecht hunn, 57 Schnuppertauchgäng (dovu 27 Mineuren), unzebidden, an 19 Persounen, sou wéi 3 Jonker tëscht 10 an 12 Joer, en avant-goût vun der Apnée ze ginn.
Mär ginn Iech all nees Rendez-vous op der 4. Editioun vum „Open Day 2026“.