Sortie interclub 2025 an d’Gravière du Fort

E Samschden, den 11.Oktober 2025 war d’Sortie interclub an d’Gravière du Fort zu Holtzheim bei Stroossbuerg, organiséiert vun der FLASSA.
77 Lizenzéiert haten sech ageschriwwen aus de Clibb ERA, SACE, SACL, SACW, SASD, PLD, Staudivers an dem BTSV aus Däitschland.

Net all, déi ageschriwwe waren sinn och an d’Waasser gaangen, et goufen awer am Ganzen 107 Plongéeë gemaach. Bei herrlechem Wieder war dat e gelongenen Dag, esouwuel am wéi iwwer Waasser.

D’FLASSA huet net nëmmen d’Entréeën iwwerholl, mä och nach fir d’Iesse gesuergt.

E puer Impressiounen: